Offre d'emploi – Verkeeferin (m/f)
- il y a 2 jours
- 1 min de lecture
Zënter 1986 bitt JUCALUX eng grouss Auswiel u Kichegeschier fir Privatleit a Professioneller un. Fir eis Ekipp ze verstäerken, siche mir eng Verkeeferin (m/f) fir direkt unzefänken.

VERKEEFERIN (m/f)
CDI – Vollzäit (40 Stonnen / Woch)
Är Missioun
Als Verkeeferin sidd Dir d'Visittekaart vun eisem Buttek a garantéiert e kompetenten a frëndleche Clientsservice.
Är Haaptaufgaben
• Clienten empfänken, beroden a bei hirem Akaf begleeden
• Verkaf vun eisem Sortiment u Kichegeschier
• Fir eng attraktiv Presentatioun vun de Produiten am Geschäft suergen
• Produiten asortéieren an de Réassort assuréieren
• Lagerbestänn iwwerwaachen an eng gutt Rotatioun vun der Wuer assuréieren
• Bestellunge vu Clienten a Fournisseure suivéieren
• Laangfristeg Clientsbezéiunge duerch e perséinleche Service opbauen
Äre Profil
• Erfarung am Verkaf oder eng kommerziell Ausbildung
• Freed um Ëmgang mat Clienten a staark Serviceorientéierung
• Gutt kommunikativ a verkafstechnesch Fäegkeeten
• Dynamesch, organiséiert an zouverlässeg
• Teamgeescht an eng positiv Astellung
• Gepfleegten Optrëtt
• Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschem, Däitschem a Franséischem (Englesch gëllt als Virdeel)
• Gutt Kenntnisser vun MS Office
• Führerschäin a perséinlechen Auto
Mir bidden
• Eng sécher Aarbechtsplaz mat CDI an enger familiärer Firma
• E flott an dynamescht Aarbechtsëmfeld
• En ofwiesslungsräichen Alldag mat direktem Clientskontakt
• D'Integratioun an eng motivéiert Ekipp
Interesséiert?
Schéckt Ären CV un: maite.baulesch@josyjuckem.lu


